Zusätzliche Informationen
| Muster | Blieder, Blieder Beige, Blummen, Geometrtisch, Hénger, Léiw, Pastell Blummen |
|---|
22,00 €
Merci, datt s du dech fir meng handgebitzte Stoffbinden a Slipeinlagen vum Hiewannebuttik Liewensbam entscheet hues.
Mat der richteger Fleeg begleeden se dech zouverlässeg an nohalteg duerch däin Alldag.
Benotzung
Lee d’Einlag esou an deng Ënnerwäsch, datt déi gemustert Säit no uewen (zum Kierper) weist.
Déi waasserdicht Säit (Binden Gr1-Gr3) läit domat ënnen am Slip.
Duerno gëtt d’Einlag mat den Drockknäpp ënner dem Slip fixéiert, fir datt se gutt op der Plaz bleift.
Nom Benotzen
Spull d’Einlag entweder direkt mat kalem Waasser aus, bis keng Reschter méi ze gesi sinn,
oder looss se dréchnen an engem Wetbag bis zur nächster Wäsch.
Ech recommandéieren, d’Einlagen all 2–3 Deeg ze wäschen.
Wäschen
Wäschbar bis 60 °C (max. 1200 Touren)
Kann zesumme mat normaler Wäsch gewäsch ginn
Fir eng méi laang Liewensdauer empfeelen ech e Wäschnetz
Bei Bedarf kanns du Flecken virdru mat Gallseef behandelen
Wichteg Fleeg-Hinweiser
Keng Weichspüler benotzen – reduzéiert d’Saugkraaft
Keng Bleichmëttel benotzen
Net staark ausdrécken, fir Material an Néit ze schounen
Dréchnen
Am beschten un der Loft dréchne loossen.
Direkt Sonneliicht kann hëllefen, Flecken natierlech ze hellen.
Den Trockner gëtt net recommandéiert, well en d’Saugkraaft an d’Nässchutzmembran beaflosse kann.
Material & Besonneschkeeten
Meng Einlagen bestinn aus hautfrëndlecher Bio-Bamwoll mat engem saugfäege Kär an enger auslaufsécherer Nässchutzmembran (Binden Gr1-3)
Well all Stéck mat der Hand gemaach gëtt, kann d’Plazéierung vun de Mustere liicht variéieren.
Sécherheet
Textilien si brennbar – vun Hëtztquellen ewech halen
Enthält kleng Drockknäpp – net fir kleng Kanner gëeegent
💛 E Stéck Nohaltegkeet fir däi Kierper
Mat all Notzung entscheets du dech bewosst fir manner Offall a méi Opmierksamkeet.
Längten vun den Einlagen
Slipeinlag Gr1:19cm
SLipeinlag Gr2:23cm
Bind Gr1:25cm
Bind Gr2:30cm
Bind Gr3:32cm
Material vun den Einlagen
Slipeinlagen: Uewen: Bio-Bamwoll/Saugkär: Bio-Bamwoll-Fleece/Ennen: Bio-Bamwollvelours
Binden:Uewen: Bio-Bamwoll/Saugkär: Bio-Bamwoll-Fleece an Bio-Bamwoll-Hanf-Fleece/Nässeschutzmembran: PUL/Ennen: Bio-Bamwollvelours
| Muster | Blieder, Blieder Beige, Blummen, Geometrtisch, Hénger, Léiw, Pastell Blummen |
|---|