Servicer

All Fra, hei zu Lëtzebuerg, huet Urecht op eng Hiewan virun, wärend an no der Gebuert.

Hebammen – Versicherte – CNS – Luxembourg (public.lu)

Prenatal

All Fra huet wärend der Schwangerschaft Urecht op Consultatiounen, déi vun der CNS rembourséiert ginn. Eng éischt Consultatioun bitt d’Méiglechkeet sech virun der Gebuert kennenzeléieren a soumat och all Froen, déi d‘Fraen an d‘Koppelen hunn, ze beäntwerten.

Bei Komplikatiounen an der Schwangerschaft kann ech mat enger Ordonnance vum Gynekolog Heem kommen an e CTG doheem maachen. Eng normal Schwangerschaft kënne mir Hiewannen zousätzlech zum Dokter iwwerwaachen.

Virbereedungscoursen

Wärend der Schwangerschaft huet all Fra Urecht op eng Gebuertsvirbereedung vu 6 Seancen. Des gëtt ganz vun der CNS rembourséiert. An dëse Course ginn d’Theme Schwangerschaft, Gebuert, Ernärung vum Kand, Neigebuerenen a Liewe mam Kand ugeschwat.

Weider Informatiounen

Hausgebuert

Eng Hausgebuert – d’Empfänke vum Kand an der vertrautster Ëmgéigend. Dir wënscht Iech eng méiglechst natierlech, selbstbestëmmte Gebuert a sidd Iech net sécher iwwert de Gebuertsuert? Da kann ech Iech an engem Berodungsgespréich déi haiteg Méiglechkeeten erklären.

Weider Informatiounen

Visitten no der Gebuert

No der Gebuert kann ech bis den 21. Dag Heem kommen. Zousätzlech huet all Fra 1 Visitt zegutt ouni Ordonnance. Bei Komplikatioune kann ech mat enger Ordonnance och weider Heem kommen. 3 weider Consultatioune si méiglech an der Praxis.

Weider Informatiounen

Droberodung an der Praxis

Et gëtt eng grouss Offer un Drodicher an Drohëllefen. Ech hëllefen Iech dat richtegt ze fanne fir de Puppelchen ze droen. Ech weise wéi een ergonomesch a physiologesch korrekt dréit a wisou dëst esou wichteg fir de Puppelchen ass. Bei mir kënnt Dir eng Auswiel un Drodicher an Drohëllefen teste, fir rauszefannen, wat bei Iech passt.

Präis: 50 € pro Stonn (all ugebrachen 10 Minutte gi verrechent)

Jennifer B. Photography

Therapeutesch Fraemassage (TFM) an der Praxis

Eng ganzheetlech Massage fir een natierlecht Fra-Sinn. TFM steet fir Therapeutesch Fraemassage an ass als gynekologesch Begleettherapie en Deel vum Creative Healing. De Begrënner Joseph B. Stephenson huet des ganzheetlech Method an d’Welt bruecht, déi einfach, douce a villsäiteg ëmsetzbar ass.

Präis: 90 € pro Sëtzung

Hiewannebuttik

A mengem Buttek bidden ech e grousse Choix u Produite ronderëm Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett.

Produiten aus dem Buttek uweisen