Hiewannepraxis Liewensbam

Mäin Numm ass Laure Baumann, ech si bestuet a Mamm vun dräi wonnerbare Kanner.

Ech sinn Hiewan zënter 2010 an hu bis 2019 am Spidol zu Esch geschafft. Vun 2017 un schaffen ech och zousätzlech als liberal Hiewan. Zënter 2019 schaffen ech ganz liberal am Nordoste vum Land.

Mat der Schwangerschaft fänkt eng ganz besonnesch Zäit am Liewe vun enger Fra un. Vun Ufank un wëll ech Iech mat enger kompetenter, individueller a ganzheetlecher Betreiung bäistoen, fir Iech duerch d’Schwangerschaft, Gebuert, Wochebett a Stëllzäit ze begleeden.

Als Mamm an Hiewan mat vill Berufserfahrung weess ech, dass et wichteg ass schonn an der Schwangerschaft Vertrauen opzebauen. Aus dësem Grond freeën ech mech iwwert eng fréi Kontaktopnahm an en éischt Kenneléieren an der Schwangerschaft. Do kënne mir scho vill Froe beäntweren an doduerch Ängschte reduzéieren.

Bei menger Aarbecht leeën ech vill Wäert drop ëmmer um neiste Stand ze bleiwen an ëmmer aktuell Formatiounen ze maachen. Mat dësem Wësse versichen ech Iech ze ënnerstëtzen an déi richteg Entscheedungen ze huelen, fir Ären eegene Wee mam Kand ze goen.

Es ist wie in Liebe:
Öffne dich und lass es
geschehen.
Lass das Kind zur Welt kommen.
Es genügt schon,
dass Du ihm nichts
entgegensetzt,
dass Du dich nicht
fürchtest,
dich nicht verwirren lässt
von der Kraft,
der ungeheuren Gewalt,
mit der das Kind geboren
werden will.
Es ist Dein höchstes Opfer,
Dein vollkommener Verzicht.
Etwas in Dir muss dem Kind
sagen können:
„Ja, verlass mich, geh aus
mir heraus. Da ist das
Leben. Vor Dir. Nimm es.“

Frédérick Leboyer