Visitten no der Gebuert

No der Gebuert kann ech bis den 21. Dag Heem kommen.

Konditiounen dofir sinn:

  • éischt Kand
  • Césarienne
  • Fréigebuert
  • Sortie bis 24 Stonnen no der Gebuert ab dem 2. Kand
  • Mehrlingsgebuert
  • Gebuert vun engem Stärekand

Bis de 15. Dag bei:

  • Sortie no 48 Stonnen ab dem 2. Kand

All Fra huet zousätzlech 1 Visitt zegutt ouni Ordonnance. Bei Komplikatioune kann ech mat enger Ordonnance och weider Heem kommen. Bis den Alter vun 9 Méint si weider 3 Consultatioune méiglech a menger Praxis.

De Begrëff ‚Wochebett‘ kënnt aus enger Zäit, wou Mamm a Kand ganzer 6 Wochen am Bett louchen a vun hirer Famill ëmsuergt gi sinn. An der haiteger Zäit iwwerhuelen d’Hiewannen en Deel vun dëser Betreiung mat reegelméissege Visitten doheem.

Déi éischt Deeg doheem sinn eng ganz besonnesch Zäit; do wäert Dir Iech als Elteren nach oft drun erënneren. Alles dréit sech ëm dat kierperlecht a séilescht Wuelbefanne vun Iech an dem Puppelchen. D’Kand gëtt reegelméisseg gewien, d’Heelung vum Nuebel gëtt beobacht an eventuell de Guthrie (Blutanalys beim Puppelchen) gepickt. Dir probéiert verschidde Stëllpositiounen aus, d’Fläschemëllech gëtt beschwat an d’Handhabung dovun erkläert. Wichteg sinn och d’Réckbildung vun der Gebärmutter an d’Kontroll vum Damm bei Verletzungen oder enger Césarienneswonn.

Mir beschwätze ganz a Rou all Froen, déi Dir an Äre Partner sécherlech wäert hunn. Ech kommen och am Noutfall, wa Komplikatiounen optrieden, wéi zum Beispill e Mëllechstau.

Zu engem spéideren Zäitpunkt kënne mir och iwwert Beikost schwätzen, wann et drëms geet ofzestëllen oder wa Stëllproblemer bestinn.

Op RDV sinn och Telefonsconsultioune wärend der Schwangerschaft an no der Gebuert méiglech.