Virbereedungscoursen

Wärend der Schwangerschaft huet all Fra Urecht op eng Gebuertsvirbereedung. Dës gëtt ganz vun der CNS rembourséiert. All Theme kënnen individuell vun der Fra oder der Koppel matbestëmmt ginn. Bei Komplikatioune kënnen dës Coursen och doheem stattfannen, op Ordonnance vum Dokter.

An dëse Coursen gi verschidden Themen ugeschwat:

Schwangerschaft

  • Äert aktuellt Empfanne vun der Schwangerschaft
  • Déi verschidden Etappe vun der Schwangerschaft
  • Administrativ Demarchen

Gebuert

  • Wat muss ech mat an d’Klinik huelen
  • Oflaf vun enger physiologescher Gebuert
  • Wei ginn ech mam Gebuertswéi eens/Gebuertspositiounen
  • Wei kann ech meng Gebuert matplangen, wat ass d’Roll vum Partner
  • Schwéier Gebuert/Césarienne
  • Wat geschitt no der Gebuert

 Ernärung vum Kand

  • Stëlle vum Kand mat dem Oflaf, de Positiounen, der Präventioun vu Komplikatiounen
  • Fläschemëllech

 Neigebuerenen

  • Fleeg vum Kand, wat brauch ech
  • Schlof vum Kand
  • Verdauung
  • Essentiell Bedürfnisser vun Neigebuerenen
  • Droen

 Liewe mam Kand

  • Neie Liewensrhythmus
  • Besuch
  • Nei Eltereroll
  • Baby Blues/Wochebettdepressioun