Hausgebuert

Dort, wo zwei Menschen sich lieben, sollte der Platz zum Gebären sein.

Michel Odent

Eng Hausgebuert – d’Empfänke vum Kand an der vertrautster Ëmgéigend.

Dir wënscht Iech eng méiglechst natierlech, selbstbestëmmte Gebuert a sidd Iech net sécher iwwert de Gebuertsuert? Da kann ech Iech an engem Berodungsgespréich déi haiteg Méiglechkeeten erklären.

Soubal Dir Är Entscheedung getraff hutt, ass et wichteg sech nach emol ze gesi fir d’Gebuert ze organiséieren a virzebereeden.

Bei der Hausgebuert léiere mir eis wärend der Schwangerschaft kennen. Dir kennt an Ärer vertrauter Ëmgéigend bleiwen. Dir gestallt Är Plaatz, wou de Puppelche soll op d’Welt kommen. Ech ënnerstëtzen Iech an Ärer Kraaft an an Ärem Vertrauen a probéieren op Är Wënsch anzegoen. Sou verlafen d’Gebuerten oft roueg, ouni Hektik an Zäitdrock.

Ech kucken no der Mamm an dem Kand, iwwerpréiwen d’Beweegungen an d’Herztéin a reegelméissegen Ofstänn, a soumat de Gebuertsverlaf.

Bei Komplikatioune schwätze mir zesummen. Ech ginn doheem keng Medikamenter, ausser am Noutfall. Et gi vill alternativ Méiglechkeeten ewéi Massagen, Bidden an Beweegung.

Bei all Gebuert ass eng 2. Hiewan am Hannergrond. Wann alles normal verleeft, ass eng Gebuert doheem genau sou sécher ewéi an der Klinik.

Viraussetzung ass en Dossier an der Klinik ze hunn, déi am nootste vun doheem ass.

No der Gebuert soll alles gutt virbereet sinn, datt Mamm a Famill genuch Zäit fir sech hunn.

Déi éischt Hiewan gëtt vun der CNS bezuelt. D’Käschte fir déi 2. Hiewan, déi bei d‘Gebuert kënnt, ginn net rembourséiert.

Die Geburt sollte für die Frau die Stunde ihrer grössten Würde sein! Peter Velly